- Geméiswierk -

Blog & Projects

Good Food – Good Mood

Upcoming Season

Eis Wäerter, bléiwen déi selwecht! Eng Nohalteg, biologesch an Qualitativ héichwäerteg Geméisproduktioun striewen mir vun Ufank uns un. Et gëtt Zäit och deemno ze handelen.

Mat der Aféierung vun engem „No Dig Market Garden“ well ech fir eng méi nohalteg Geméisproduktioun suergen. Den Prinzip ass simpel. Sou mann wéi méiglech an d’Buedemstruktur agräifen, soumat ginn d’Buedemliewewiesen net gesteiert an d’Fauna erhalen. Dat ass heimadden erméiglecht ginn.

Dobäi kommen ganz vill néi Geméisvarietéiten, iwwer 70 verschidden Zorten si geplangt. Och soll an Zukunft méi Déieren um Haff Platz fannen. Wat méi Diversitéit wat besser, fir Eis Ëmwelt, Eis Déieren an de Mënsch. 

Eis Hénger

Eng 20 Hénger kennen et sech hei gutt goen loossen.

Se hunn den ganzen Daach iwwer Accès op eng grouss Wiss, wou se souwuel an de Schied wéi och an d’Sonn kennen goen. Hieren Stall ass ëmmer op, se kennen also ran an eraus, sou wéi se eben grad Loscht hunn.

Gefiddert ginn se haaptsächlech mat Geméisreschter déi bei der Geméisproduktioun sou ufalen. Et ginn keng zousätzlech Ergänzungsmëttel oder chemesch Mëttel verfiddert. Op Medikamenter gëtt genausou verzicht, well gesond Hénger och einfach neicht esou brauchen.

Wisou sinn d’Eeër net biozertifizéiert?

Dat huet en ganz einfachen Grond. D’Eeër ginn net am groussen Stil verkaf oder ugebueden, bei 20 Hénger ass d’Quantitéit limitéiert. Den Opwand vun der Dokumentatioun fir eng Bio Zertifizéierung ass awer enorm. Dowéinst verzichten ech hei op den Label. 

Pop Up Store

D‘Geméiswierk mecht den 17ten September, Dieren vum Pop Up Store op. Vun 9 Auer Moies bis 12 Auer Mettes ass jidereen hearzlech Wellkomm! Den Pop Up Store ass ähnlech opgebaut wéi e klenge Muart Stand, direkt héi um Haff. Ganz noh der Deviese „Keep it simple“. Dir hutt also déi eemoleg Chance, ganz spontan, ouni mussen am Viraus ze bestellen, lancht ze kommen an Äert frëscht recoltéierten Geméis anzekaafen. Natirlech kënnt Dir Iech an engems emkucken an eis Wärter kennenléieren.

D‘Quantitéiten un Wuer sinn limitéiert, well mir jo och keng Massen produzéieren, demnoh ass deen éichten vier.