- geméiswierk -
what do we
offer
Product View
Geméiskëscht

Geméiskëscht "S"
Ideal fir en Stod vun 1-2 Persounen

Geméiskëscht"M"
Ideal fir en Stod vun 3 Persounen
Opgepasst! Eeër mussen zousätzlech bestallt ginn.

Geméiskëscht"L"
Ideal fir en Stod vun 4-5 Persounen
Bestellungen per Mail: gemeiswierk@outlook.com
Hai fannt Dir d’Propose vun der Woch. Des gëtt reegelméisseg aktualiséiert, soumat kommen och reegelméisseg néi Produiten dabei. Des proposéierten Produiten wäerten och an der Geméiskëscht op Iech waarden. Selbstverständlech kennt Dir d’Geméis och eenzel an Ärer Wonschquantitéit bestellen.
Sidd gespaant op frëscht an villsäitegt Geméis an loosst Iech vun intensiven Goûten iwwerraschen!
Propose vun der Woch
Wéi kann een bestellen? Wéi kann een seng Bestellung kréien?
Bestellen kann een direkt per Mail oder Telefon. Egal op eng Geméiskëscht oder eenzelt Geméis, schreift eis eng Mail op gemeiswierk@outlook.com wat an wéi vill Dir braucht an mir këmmeren eis drëms.
All Bestellung kann bis virun Är Hausdier geliwwert ginn, optional kennt Dir Äert Geméis och op den Haff sichen kommen.
- Méindes Moies gëtt am Ëmkrees vun Miersch geliwwert
- Dënschdes Moies alles am Süden
- Mëttwoch Moies alles an Richtung Osten
- Samschdes Moies kennt Dir Är Bestellung op Conter sichen kommen
Liwwerungen am Ëmkrees bis zu 15 km vun Conter sinn Gratis, genausou wéi Bestellungen ab 40€.