- Geméiswierk -

ABOUT US

-EST 2021-

Marie

 

Mäin Numm ass Marie an ech hunn zesummen mat mengem Papp e klengen Geméisbaubetrib gegrënnt. Nodeems ech meng 13ème als Gäertner ofgeschloss an Experienz an aneren Betriber gesammelt hunn, duecht ech mir , et wier un der Zäit en frëschen Wand op Ären Iessdësch ze bréngen!

 

Qualitéit anstatt Quantitéit

D’Geméiswierk ass een Start Up Betrib den sech beméit frëscht an biologescht Geméis unzebauen. Mir verzichten bewosst op all Art vun chemesch-syntheetesch Düngeren an Planzenschutzmettel, fir Iech kennen qualitativ héichwäerteg Produiten unzebidden, awer och fir eis Ëmwelt laangfristeg ze schützen!

Masseproduktiounen kommen fir eis net an Fro. Mir wëllen Diversitéit um Aker schafen an aus all eenzelem Geméis den bescht méiglechen Goût eraus huelen.

Lokal an Saisonal

Mir fokusséieren eis op traditionellt awer och op e bëssen méi ausgefalen Zorten vun Geméis. Dëst bedeit dass mir een groussen Choix ubidden kennen. Ugebueden gëtt dat wat d’Joreszäit ze bidden huet.